Skip to main content

Wëllkomm op der Säit vun der ATPT

  • Alain Bach
  • News
atpt logoD'Equipe vun der ATPT (Association des Techniciens de l'Entreprise des Postes et Télécommunications) begréisst iech ganz häerzlech op hierem opgefreschter Internet Säit. Hei fannt dier nëtzlech Informatiounen iwert d'ATPT an hier Aktivitéiten.

Den Comité wënscht all sengen Memberen vill Spass op eisem Internet Site.

General Versammlung 2013

  • Alain Bach
  • News

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Heimat invitéiere mir Iech op eis Generalversammlung en Donnechdeg, den 7. Mäerz 2013 um 17 Auer 30 an der Post Kantin op der Cloch d’Or, 2, rue Emile Bian, Luxembourg.

Programm:

  1. Begréissung
  2. Aktivitéitsbericht vun der ATPT
  3. Aktuelle Stand vun den Techniker
  4. Aktivitéitsbericht iwert den Syndicat des P&T
  5. Caissëbericht
  6. Décharge vum Caissier
  7. Fräi Discussioun

Fir eis matzedeelen op dier un der Generalversammlung deelhuelt, kënnt dier Iech online umellen an deems dier elei klickt -> UMELLEN , oder de bäileienden Formular ausfëllen a mat der preparéierter Enveloppe un d'ATPT zeréckschécken.

Kennt dier net un der Generalversammlung deel huelen, dann biede mier Iech eng Procuratioun auszefellen an enger aanerer Kollegin oder Kolleg matzeginn.

Et sin dest Joer och nach e puer Plaazen als Comité’s Member fräi. Hut dier loscht mat zemachen, dan fëllt dat bäileiend Formular aus a schéckt mier et mat der fiergedrécktener Enveloppe zeréck oder fëllt den Online Formulaire aus wann dier Iech ob eiser Internetsäit umellt. Elo schons villmolls Merci.

De Comité vun der A.T.P.T.

MIR ZIELEN OP DENG PRÄSENZ.

ATPT trauert ëm den Alain Eich

  • News

L'association des Techniciens
de l'Entreprise des P&T (ATPT)
et le Syndicat des P&T
partagent la douleur de décès de

Alain Eich

Alain, Président de ATPT et
Membre du Bureau du Syndicat des P&T,
nous garderons de toi le souvenir ému d'un homme
intègre et engagé au côté du personnel de l'entreprise.

A ton épouse, ton fils et ta famille,
nous exprimons toutes nos sincères condoléances.

D'Begriefnis mat unschléissender Mass ass zu Schëffleng um Kierfecht e Freiden, den 16. Mäerz 2012, um 15:30 Auer.

General Versammlung 2015

  • Alain Bach
  • News

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Heimat invitéiere mir Iech op eis Generalversammlung en Freideg, den 24. Abrëll 2015 um 17 Auer 30 op der Cloch d’Or, 2, rue Emile Bian, Luxembourg am Sall 237.

Programm:

  1. Begréissung
  2. Aktivitéitsbericht vun der ATPT
  3. Reform vun der Foction Publique an d'Carrière vum Techniker
  4. Aktivitéitsbericht iwert den Syndicat des P&T
  5. Caissëbericht
  6. Décharge vum Caissier
  7. Nei Memberen fir an den Comité
  8. Fräi Discussioun

De Comité vun der A.T.P.T.

MIR ZIELEN OP DENG PRÄSENZ.