Ab haut hun mer endlech eis Carriére beim Staat. ALL Expéditionnaire Technique as ab haut reclasséiert, d.h. mir sin elo do unkomm wou mer vrun baal 30 Joër ungefang hun mat streiden. Mat der November-Pei missten mer ewel gesin an welchem Grad/Echelon mer angestuuft sin. Wann nach weider Froën sin, dann meld Ierch gären bei eis.
Heimat invitéiere mir Iech op eis Generalversammlung en Donnechdeg, den 22. Mee 2014 um 17 Auer 30 an der Post Kantin op der Cloch d’Or, 2, rue Emile Bian, Luxembourg.
Programm:
Begréissung
Aktivitéitsbericht vun der ATPT
Aktuelle Stand vun den Techniker
Aktivitéitsbericht iwert den Syndicat des P&T
Caissëbericht
Décharge vum Caissier
Fräi Discussioun
Et sin dest Joer och nach e puer Plaazen als Comité’s Member fräi. Hut dier loscht mat zemachen, dan fëllt dat bäileiend Formular aus a schéckt mier et mat der fiergedrécktener Enveloppe zeréck oder fëllt den Online Formulaire aus wann dier Iech ob eiser Internetsäit umellt. Elo schons villmolls Merci.
Den Comité vun der ATPT ass ganz aktiv bei der Ëmsetzung vun der Reforme am ëffentlechen Déngscht. Mir hunn bis dato un sëllechen Entrevuen mam Service vun der Ressource Humaine (RH), sou wei och Workshops, mat Vertrieder vun CGFP an Regierung (Minister an héich Beamten) deelgeholl. Et wäerten och weider Réuniounen mat RH an dem Direkter vun der POST Technologies folgen, fir dass d'Ëmsetzung vun der Reform reiwungsloos den 1 Oktober stattfannen kann.
Hutt dir nach Froen zu der néier Carrière vum Techniker? Dann zeckt net fir een vun eisen Memberen unzeschwätzen, mir huelen eis gären Zäit fir op är Froen ze äntwerten.