Skip to main content

General Versammlung 2026

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Heimat invitéiere mir Dech op eis Generalversammlung en Méindeg den 29 Juni 2026 um 18:00 Auer op der Cloche d'Or am Reuniouns-Sall vum Syndicat des P&T, 2 Rue Emile Bian, L-1235 Gasperich Luxembourg. De Sall ass am Gang riets vun der Trap bei der Kantin.

Programm:

  1. Begréissung
  2. Aktivitéitsbericht vun der ATPT
  3. Aktivitéitsbericht iwwert den Syndicat des P&T
  4. Upassung Cotisatioun
  5. Keessebericht
  6. Decharge vum Keessier
  7. Nei Memberen fir an den Comité
  8. Fräi Diskussioun

Iwwert deen heiten Linken kanns du dech per Email fir d’Generalversammlung This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. oder This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.. Mir soen dir Merci am Viraus wann’s du dat géifs maachen.

Hues du Froen zu eiser Karriär, dann schéck eis deng Fro(en) per E-mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. an mir wäerten eist Bescht maachen fir dir deng Froen op eiser Generalversammlung ze beäntweren. Elo schonns villmools Merci.

De Comité vun der A.T.P.T.

MIR ZIELEN OP DENG PRÄSENZ.

25 June 2026