Skip to main content

Comitésmemberen

  • Marc Scheid
  • News

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Mir sin frouh eisen neien Comitésmember Christian GESCHWIND begréißen zë kënnen. Sou wéi mir en kennen wärd en eis mat vill Ansaatz zur Säit stoën fir den B1 bei der Post weider ze brengen.

Leider as nët nëmmen een neien Member am Comité unkomm, ma ët hun der och 2 den Comité verloos. Mir soën dem Marc Kaufmann an Tobias Clement Merci fir hir Hëllef iwert all déi Joëren an wënschen hinnen weiderhin vill Erfolleg an hirem Arbechsliëwen.

EXAMEN DE CARRIÈRE DES EMPLOYÉS DE L'ETAT

  • News

Den 1. an 2. Juni 2016 ginn d'Examen de Carrière fir den Employé de l'Etat organiséiert. Weider Informatiounen fannt dir um Agora (Circulaire No 3) oder um Site vun der Fonction Publique (LINK). Den Programm fir den B1 fann dir hei. Dir musst iech bis den 22. Fébruar 2016 per voie hiérarchique ungemellt hunn. D'Document fir ierch unzemellen fannt dir hei: --> klick <--

Hudd dir nach Froen, zëckt nët eis ze kontaktéieren.

General Versammlung 2016

  • Alain Bach
  • News

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Heimat invitéiere mir Dech op eis Generalversammlung en Donneschdeg den 21 Abrëll 2016 um 17 Auer 30 op der Cloche d’Or, 2, rue Emile Bian, Luxembourg an der Cantine.

Programm:

  1. Begréissung
  2. Aktivitéitsbericht vun der ATPT
  3. Reform vun der Fonction Publique an d’Carrière vum Techniker
  4. Aktivitéitsbericht iwwert den Syndicat des P&T
  5. Présentatioun Charte B1
  6. Caissëbericht
  7. Decharge vum Caissier
  8. Nei Memberen fir an den Comité
  9. Comité‘s Wahlen
  10. Fräi Discussioun

Fir dech unzemellen/ofzemellen: -> klick <-

De Comité vun der A.T.P.T.

MIR ZIELEN OP DENG PRÄSENZ.

Gudd besicht...

  • News

war eis Informatiounsversammlung den läschten Freideg! 

60 Memberen haaten sech anfonnt, fir Informatiounen zur néier Carrière ze kréien, an am Uschloss hier Froen ze stellen. Mir sinn drun fir déi oppen Froen mam RH ze klären an fir iech ze kämpfen.

20151016 ATPT Infoversammlung

Hei fannt dir och nach eis pdf Présentatioun.